
© Eldoradio
Volbeat kommen dëst Joer am Juli fir e Concert an d'Rockhal!
E Méinden huet d'Rockhal annoncéiert, datt Volbeat zréck op Lëtzebuerg kommen. Den 9. Juli 2020 presentéiere si hire mëttlerweil 7. Studio-Album mam Titel "Rewind, Replay, Rebound" live an der Main Hall vun der Rockhal.
Tickete kritt een am Virverkaf vum 14. Februar un - um Site vun der Rockhal!