Déi bescht Band vun der Welt huet e Samschden Owend mat engem e bësse méi spezielle Concert d'ausverkaafte Rockhal ënnerhalen!

Tenacious D, d'Komedie Rockband mam Jack Black a Kyle Gass hunn e Samschden an der Rockhal gespillt.

Pénktlech um 21h00, nodeems d'Band Wynchester de Public op déi beschte Band vun der Welt ageheizt huet, koum Tenacious D op d'Bün. Ongewéinlech war datt d'Band den éischten Deel vum Concert hannert enger duerchsiichteger Leinwand gespillt hunn. Dëst well si mat hirem neien Album, oder besser gesot Film, Post Apocalypto ugefaangen hunn. Heifir gouf tëscht de Lidder ëmmer Filmzeenen ageblent vum JB a Kyle Gass als Zeechentrickfiguren.

Et war eng aussergewéinlech Opféierung, wéi een se nëmme seelen op Concerte gesäit. Dofir awer och witzeg an ënnerhalsam zugläich!

Nodeems déi zwee dunn esouwuel op der Leinwand wéi och musikalesch d'Welt gerett hunn, an hire Post Apocalypto-Wierk presentéiert haten, sinn déi Zwee dunn och virun der Leinwand ervirkomm.

Fir den zweeten Deel hunn Tenacious D all hier Best Of's gespillt, an kruten de Public ouni Problem begeeschtert. Dëst och mat all de grousse Songs aus hirem Film "The Pick of Destiny" ewéi ënnert anerem "Tribute" "Beelzeboss" a "Master Exploder".

Zum Schluss vum Concert hu béid Museker déi ganz Band nach virgestallt an des hunn nach puer Soloen zum Beschte gi, vum Flüttesolo bis hin zum Light-Show-Solo, en Highlight deen een och net alt ze dacks op Concerte gesäit.

Um 22h50 sinn d'Luuchten dunn ausgaangen, déi zwee Museker a Filmstare sinn dunn awer nach emol zeréckkomm fir de Concert ganz romantesch mam Song "F*** Her Gently".

Et war eng aussergewéinlech Show, mat enger Mëschung tëscht Komedie, Film a Musek bei där einfach alles gepasst huet, vun der Show, iwwert d'Songs bis hin zum Sound an de Luuchten.

Dofir ginn et 5/5 Eldo-Chikoen

Lauschtert hei d'Reaktioune vum Public: