© YouTube Screenshot
Den Atelier huet dësen Dënschdeg ugekënnegt, datt déi däitsch Sängerin LOTTE am November e Stopp zu Lëtzebuerg mécht!
Déi däitsch Sängerin
spillt de 14. November 2020 am Atelier. Kenne kéint een déi jonk Kënschtlerin ënnert anerem duerch en Duett mam däitsche Sänger Max Giesinger - "Auf das, was da noch kommt". Mat dobäi huet et säi rezenten Album "Glück".
Wéi et op der Internetsäit vum Atelier heescht, ass um Album e Mix aus nodenkleche Lidder awer och leidenschaftleche Pop-Songs ze fannen. D'LOTTE huet fir dëst Joer och nei Musek ugekënnegt - Fans kënne sech also freeën.
D'Tickete ginn den 19. Februar um 11 Auer an de Virverkaf um Site vum
.