Een däitsche Rapper, e Singer-Songwriter an eng Popsängerin aus den USA trieden dëse Mount hei am Land op.

Mam Titel “Without Me” hat d’Halsey Ufank 2019 säin éischte groussen Hit. Mat dësem Hit a mat sengem neien Album kënnt di amerikanesch Sängerin am Kader vun hirer „Manic World Tour” de 4. Mäerz live an d’Rockhal.

Säin Debutalbum "Back to Bedlam" an d'Nummer-1-Single "You're Beautiful" hunn hien 2005 bekannt gemaach. Zanterhier ass den James Blunt schonn e puer Mol hei zu Lëtzebuerg opgetrueden. Elo ass de brittesche Sänger zréck mat sengem neien Album „Once upon a mind”. Mat dësen neie Lidder a mat fréieren Hits kënnt den James Blunt de 5. Mäerz an d‘Rockhal.

Fir d‘4. Kéier hannerteneen huet de Kontra K et mat sengem aktuellen Album un d’Spëtzt vun den däitschen Charts gepackt.  An och d’Liveshowe vum Berliner Rapper sinn eng Klass fir sech.  Hien mécht op der Bün keng Kompromësser a gëtt fir seng Fans alles. Den 12. Mäerz steet hien an der Rockhal op der Bün.

Tickete fir des Concerte kënnt der wéi gewinnt gewannen op Eldoradio an op eldo.lu