D'Brooklyner Alternative-Rock-Band X-Ambassadors stoungen am Kader vun hirer Orion-Tour e Samschden am Atelier op der Bün!

Lass goung et um Punkt 20 Auer mam Support-Act Terrell Hines. Seng Musek ass eng Mëschung tëscht Hip-Hop a Southern Funk. Hie konnt mat schnelle Rap-Parts en Androck hannerloossen, woubäi et warscheinlech net grad de beschte Choix als Warm-Up war fir X-Ambassadors.

Um 21 Auer hunn X-Ambassadors dunn direkt mat "Hey Child" lassgeluecht an hu vun der éischte Sekonn u gewisen datt si absolut Loscht hunn a kruten hir Energie och un de Public iwwerdroen.

Déi 5 Museker si ganz souverän opgetrueden an hu Lidder gespillt wéi "Jungle", "Unsteady", an natierlech och eng Partie Lidder vun hirem neien Album Orion wéi "Boom", "Quicksand", "Hold You Now". Och hiert fonkelneit Lidd "Everything Sounds Like A Lovesong" hate si mat am Gepäck.

X-Ambassadors hunn dotëscht och heiansdo cool Soloe gespillt, besonnesch beandrockend beim blanne Keyboarder Casey Harris, dee bewisen huet datt hie säin Instrument absolut beherrscht. Och de Frontmann Sam Harris huet heinsdo zum Saxophon bezéiungsweis der Gittar gegraff!

Ofgeschloss hunn X-Ambassadors hire Concert mat Renegades, hirem gréissten Hit, bei dem de Public fläisseg matgesongen huet, iert si dunn awer nach emol fir eng Zugab zréckkomm sinn.

Allen an allem war et e coole Concert, vun enger richteg talentéierter Band mat absolut coole Songs! Och wann de Concert relativ kuerz war, d'Bünebild ganz ouni Schnick Schnack auskomm ass, an d'Band net terribel vill mam Public interagéiert huet, huet dat dem Concert net geschuet, ganz am Géigendeel. Et war een Owend bei dem d'Musek an d'Loscht am Mëttelpunkt stoungen, an X-Ambassadors hu gewisen datt si net just grouss Lidder schreiwen, mee déi Live och richteg iwwerzeegend performen!

Fir eis ganz kloer 4,5 vu 5 Eldo-Chikoen!

Lauschtert iech hei d'Reaktioune vun de Leit un: