Wéinst der Coronakris sinn dëse Mount keng Concerten. Vill Museker a Concertsorganisateuren hu sech awer Alternativen afale gelooss- och hei zu Lëtzebuerg.

De Lëtzebuerger Museker Serge Tonnar huet d’Initiative "Live aus der Stuff" an d’Liewe geruff. Wéi den Numm et seet, spillen d’Museker an hirer eegener Stuff e live Concert, deen d’Fans iwwert e Facebook-Link suivéiere kënnen- ëmmer Owes um 20h. Iwwer 40 Artisten aus deene verschiddenste Genren si scho programméiert, vu Klassik iwwer Folk a Pop, dorënner Edsun oder Bartleby Delicate.

Änlech ass d’Konzept vun der Initiative “Rock the Couch”, woubäi hei den Accent méi op Poprock-Musek geluecht gëtt. Mat dobäi sinn zum Beispill The Tame and the Wild an de Pascal vu Wooltz.

Eng weider Aktioun vu Lëtzebuerger Museker nennt sech Patreon- eng Aktioun, iwwert déi d’Artisten an dëser schwiereger Zäit kënnen eng finanziell Ënnerstëtzung kréien. Dat heescht, d’Fans kënnen de Museker iwwert des Plattform eng gewëssen Zomm iwwerweisen a kréien als Konterpartie een exklusive Contenu vum Artist ugebueden. Mat dobäi si Kënschtler wéi Maz , Chaild, an Iceleak.

Och d’Organisateuren vum Atelier wëllen wärend der Coronakris net op live Musek verzichten. All Dag deele si op hirer Facebook-Säit ee vun hire Lieblingsconcerten, vu Radiohead iwwer Queen bis hin zu den Arctic Monkeys.

D’Rockhal fir hiren Deel erënnert op hirer Facebook-Säit mat Biller un hir Liblingsconcerten aus de leschte Joren, wéi zum Beispill de Rag’n’Bone Man, oder Sting.

E puer Méiglechkeeten deemno, wéi een als Fan vu live-Musek di aktuell Krisenzäiten iwwerbrécke kann.