Och de Mount Mee verbrénge mer am Lockdown, Concerten musse mer och dëse Mount vun doheem aus kucken.

A Corona-Zäiten ass Musek méi wichteg wéi jee fir duerch des schwiereg Zäit ze kommen.  Lëtzebuerger Museker hunn an deem Kader eng ganz Partie Initiativen an d’Liewe geruff wéi Live aus der Stuff, oder d’Crazy Quarantine Sessions - Sessions, déi Museker bei sech doheem an der Stuff spillen a via Facebook iwwerdroen. De genee’en Agenda fannt der op hire respektive Facebook-Säiten.

D’Quarantän ass awer och eng gutt Geleeënheet, aner Musek z’entdecken. Di Lëtzebuerger Philharmonie zum Beispill huet sech mat Concertshalen aus dem Ausland zesumme gedinn a proposéiert wärend der Quarantän eng digital musikalesch Rees duerch Europa. Méindes, Dënschdes an Donneschdes owes um 20h diffuséiert d’Philharmonie op hirer Facebook-Säit ënner anerem Concerte vum OPL, vun de Wiener Symphoniker, oder dem Chamber Orchestra of Europe.

Och d’DJen probéieren, am Lockdown weider aktiv ze bleiwen. D’Facebook-Säit “Les DJs de l’est face au confinement" zum Beispill streamt reegelméisseg live Mix Sessions. Live DJ Sets fannt der och op der Facebook-Säit vu ville Lëtzebuerger Café’en wéi den Dipso oder Ënnert de Steiler. Eng gutt Méiglechkeet fir sech wärend dem Lockdown bësse Partyfeeling an d’Haus ze huelen.