Am Virfeld vu sengem Debütalbum "Human" deen am Februar eraus kënnt, presentéiert de Rag'N'Bone Man eng weider Single

Fakten
De Rory Graham ass ee britesche Soulmuseker. Hien ass ënnerwe ënnert dem Kënschtlernumm Rag'N'Bone Man an huet eng gefillvoll Stëmm wéi ee se just seelen fënnt a vun sou engem Typ wéi dee jonken Englänner Rag'n'Bone Man net erwaart. Ee grousse Mann, a voll tätowéiert.

Aussergewéinleches

ier hien decidéiert huet, professionelle Museker ze ginn, war hien Betreier fir Mënschen mat Asperger- an Down-Syndrom. Sollt seng Musekscarriere näischt ginn, wëllt hien dat nees maachen.

Fréier Hits
Am Juli 2016 gouf als éischt Single vum Debütalbum den Titel "Human" ausgekoppelt. A ville Länner an Europa huet d'Lidd Plaz 1 vun den Charts erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Aloe Blacc, Tom Grennan, JP Cooper

Lauschtert eran: