De Sean Koch presentéiert eng nei Single aus sengem Debütalbum "Your Mind is a Picture"

Fakten:
De Sean Koch ass ee Songwriter aus Südafrika. Mat „Your Mind Is A Picture“ huet de Sean Koch am Fréijoer säin éischten Album eraus bruecht. Den Titeltrack "Your Mind Is A Picture" ass di aktuell Single doraus.

Aussergewéinleches
De Moment ass de Sean Koch op Europatournée. Bei Live-Optrëtter huet de Sean Koch  de Co-Songwriter Shaun Cloete mat dobäi, grad wéi seng 2 Bandkollegen Giovanni Serci (Drums) an Dean Bailey (Bass).

Fréier Hits
Ufank 2016 huet de Singer/Songwriter seng éischt EP „Natural Projection“ eraus bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jeremy Loops, Seed To Tree

Lauschtert eran: