De SCHWARZ liwwert de Soundtrack an den Titel-Song fir di offiziell BVB Doku „Inside Borussia Dortmund".

Fakten
De Roland Meyer de Voltaire, alias SCHWARZ, huet mat "Get Up" de Soundtrack zur Serie „Inside Borussia Dortmund“ produzéiert. Hien huet sech dofir mam däitschen DJ-Duo YouNotUs zesumme gedinn, bekannt duerch d'Hit-Coverversiounen „Narcotic“ a „Supergirl“. Obwuel de Song ganz anescht ass wéi hiren normalen House-Style, hunn de Gregor an den Tobi vu YouNotUs dem Lidd de perfekten Drive ginn.

Aussergewéinlexches
D'Doku-Serie "Inside Borussia Dortmund" weist d'Spill hannert de Kulissen beim BVB. Produzent a Regisseur ass de präisgekréinte de Futtball-Dokumentarist Aljoscha Pause (Being Mario Götze; Tom Meets Zizou: Kein Sommermärchen; Trainer!). De Soundtrack zu "Inside Borussia Dortmund" besteet aus dem Titelsong "Get up" (YouNotUs Remix) vu SCHWARZ, a 7 weideren Akustik-Songs.

Fréier Hits
YouNotUs sinn zanter Woche mat hirem Hit „Narcotic“ an den Charts. De  SCHWARZ ass ee musikalescht Allroundtalent an d'Stëmm um Schiller senger Single „Avalanche“ vu sengem Nummer 1 Album „Morgenstund“.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris, Avicii

Lauschtert eran: