Ee franséischen Newcomer-Trio iwwerzeegt mat chillege Beats

Fakten:
De franséischen Trio Trackhead iwwerzeegt op senger neier Single "Miss You Everyday" mat chillege Beats an enger entspaanter Melodie. Am Songtext geet et em d'Enn vun enger Bezéiung: "It’s about this impossible last goodbye. About the sad realization that it's time to let go after a lot of love and a lot of pain – even though you’ll miss the other person every day of your life.“

 

Aussergewéinleches:
Di 2 Bridder Florent a Jean-Noël Dasque an den Jérémie Plante kenne sech zanter hirer Kandheet a waren ëmmer schonn iwwert d'Musek matenee verbonnen. Alle 3 spillen e puer Instrumenter- dorënner Gittar, Piano a Batterie. Den Trio huet scho Lidder fir verschidde franséisch Artiste produzéiert an als Highschool-Band "BDA" 4 Alben opgeholl.

Fréier Hits:
Di 3 Museker sinn an hirer franséischer Heemecht scho ganz erfollegräich, international sinn si awer éischter Newcomer. Bekannt goufen si a Frankräich 2018 mat der Single "Down Below" mam schwedesche Sänger Martin Stahl

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Avener, Synapson, Klangkarussel

Lauschtert eran: