Den Ant Saunders huet mat "Yellow Hearts" seng éischt Solo-Single eraus bruecht. 

Fakten:
Zesumme mat der Singer-Songwriterin Kiaura Rose huet den Ant Saunders schonn 2 Duetter opgeholl, mat "Yellow Hearts" kënnt elo säi Solo-Debüt. D'Nummer ass schonn am Juni eraus komm, start awer elo eréischt richteg duerch.

Aussergewéinleches:
Am Song séngt den Ant Saunders vun engem Meedchen, op dat hie scho laang een A geworf huet. Allerdéngs weess hien net sou genee, ob hatt et eescht mat him mengt oder net: “But girl, please tell me, and I'll let you be, are you still with me or not?”, fragt er sich in den Lyrics.

Fréier Hits:
Den Anthony Saunders mécht poppegen R&B am DIY-Style. Scho vrun e puer Joer wosst deen haut 18 Joer ale Kënschtler, dass hie wéilt Museker ginn. Seng Skills huet hie sech komplett selwer bäibruecht. Haut produzéiert a schreift hien a sengem selwer gebaute Studio doheem zu New Jersey.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Arizona Zerwas, Dan + Shay, Blackbear

Lauschtert eran: