D'Alyssa Reid, besser bekannt als ASHS, ass zréck mat der neier Single “Paranoid.”

Fakten
Hannert dem Numm "ASHS" stécht di kanadesch Sängerin Alyssa Reid. Éischt EP'en huet hatt inkognito eraus bruecht, ier hatt dunn decidéiert huet, Musek ënnert dem Kënschtlernumm ASHS ze produzéieren. Ënnert dem Titel "Paranoid" huet déi 26 Joer al Sängerin viru kuerzem hir nei Single "Paranoid" presentéiert.

Aussergewéinleches:
Den amerikanesche Billboard-Magazine huet d'ASHS 2011 zur Nummer 1 ënnert de "Canadian Emerging Artists" gewielt. Am selwechte Joer gouf hatt fir de "MuchMusic Video Award" an der Kategorie "Popvideo vum Joer" nominéiert.

Fréier Hits
DAlyssa Reid huet 2011 säin Debutalbum "The Game" eraus bruecht. D'Singleauskopplung "Alone Again" huet am Joer 2012 Plaz 2 vun de britteschen Charts erreecht. An deem Joer gouf d'Sängerin bei den Juno Award als "Best New Artist" nominéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Two Door Cinema Club, Bastille

Lauschtert eran: