D'Freya Ridings kënnt de 27. Januar 2020 live an den Atelier.

Fakten:
2018 ass dem Freya Riding mat "Lost Without You" een Iwwerraschungshit gelongen. Dëst Joer hat hatt mat "Castles" ee weideren Hit. Elo ass di britesch Sängerin zréck mat der Single "Love Is On Fire". Mat sengem Debütalbum "Freya Ridings" kënnt hatt de 27. Januar 2020 live an den Atelier.

Aussergewéinleches
Iwwert d'Sendung “Love Island” gouf d'Freya Ridings engem grousse Publikum bekannt. Nodeems säin Titel "Lost Without You" an der britescher Versioun vun der TV-Flirtserie gelaf ass, ass d'Freya Ridings mat dësem Song eng éischte Kéier an den Top 10 vun de briteschen Charts gelant. Wärend der Iwwerdroung vun der Serie gouf souguer de Shazam-Weltrekord gebrach, dee virdrun Florence and the Machine mat engem Song a “Game of Thrones” opgestallt haten. 


Fréier Hits

D'Freya Ridings stoung Enn 2017 op der BBC Newcomerlëscht. Enn 2018 hat d'Sängerin mat "Lost Without You" een éischten Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Adele, Birdy, Dean Lewis, Gavin James

Lauschtert eran: