No "Champion" presentéiert di britesch Indiepop-Sängerin eng weider Single

Fakten:
Ënnert dem Titel „Champion“ huet d'Bishop Briggs Ufank November säin 2. Album eraus bruecht. Schonn am spéide Summer koum den Titeltrack als Single eraus, elo ass hatt zréck mat der neier Single „JEKYLL & HIDE“ .

Aussergewéinleches
D'Bishop Briggs gouf als Duechter vu schotteschen Eltere gebuer, déi aus der schottescher Uertschaft Bishopbriggs stamen. D'Heemechtsstad vu sengen Elteren huet hatt zu sengem Kënschtlernumm inspiréiert. Seng Jugend huet hatt a Japan an zu Hong Kong verbruecht, wou hatt och scho Gedichter geschriwwen huet.  Mat 18 Joer ass hatt op L.A. geplënnert, fir Musek ze studéieren an och haut wunnt hatt nach do.

Fréier Hits
2017 huet Vodafone säi Song "Be Your Love" fir seng Publicitéitscampagne benotzt. 2018 gouf säi Song "Never Tear Us Apart" als Soundtrack vum Kinofilm "Fifty Shades of Grey" benotzt D'Lidd ass eng Coverversioun. D'Original gouf 1988 vun der australescher Band INXS eraus bruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dennis Lloyd, Tom Grennan, Ellie King

Lauschtert eran: