Kuerz no "Heartless" ass de kanadesche Sänger zréck mat neier Musek

Fakten
Den Abel Tesfaye alias The Weeknd huet grad eréischt d'Single "Heartless" eraus bruecht a presentéiert elo schonn di nächst. "Blinding Lights“ heescht deen neie Song, deen an engem Mercedes-Benz-Spot benotzt gëtt. De Sänger ass selwer och Haaptacteur an dësem Spot. De Song ass grad wéi säin Hit "Can’t feel my Face“ zesumme mam Max Martin entstanen - ee vun den erfollegräichste Songwriter a Produzenten vun der Popmusek a responsabel fir Hits vum Britney Spears, Ariane Grande an Taylor Swift.  "Blinding Light" wäert grad wéi schonn den Titel "Heartless" op sengem neien a mëttlerweil 4. Studioalbum ze fannen sinn.

Fréier Hits
2 Grammyen, 8 Billboard Music Awards, 2 American Music Awards, 9 Juno Awards an eng Oscarnominéierung fir de Song "Earned It" aus dem Soundtrack vu "Fifty Shades of Grey"  – dat ass de Bilan vum kanadesche Museker. Seng Single "Starboy" huet et esouguer bis un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.

Aussergewéinleches:
Gebuer an opgewuess ass The Weeknd als Fils vun ethiopeschen Immigranten am kanadeschen Toronto. Säi Papp huet d'Famill verlooss, wéi hien nach kléng war. Seng Mamm huet d'Famill missen eleng versuergen, si huet am Dag als Infirmière geschafft an nuets englesch Coursen geholl, Do blouf net vill Zäit fir d'Erzéiung vun hirem Bouf an dofir huet seng Groussmamm sech gréisstendeels em hien gekëmmert, Si war et och, déi de Jong mat der Musek vertraut gemaach huet, Am Haus Tesfaye gouf alles gelauschtert, vun Jazz, Pop iwwer Indie bis hin zu Klassik.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Frank Ocean, Drake, Bruno Mars

Lauschtert eran: