Nom Duett mam Anne-Marie, "Fuck, I’m Lonely", an der Single "Feelings" ass de Lauv zréck mat der neier Single "Mean It".

Fakten:
No Kollaboratioune mam Julia Michaels a mam Anne-Marie huet de 25 Joer ale Songwriter Lauv eng nei Single "Mean It" eraus bruecht, op där hien vun der amerikanescher Band Lany ënnerstëtzt gëtt. Wéi de Lauv erkläert, geet et bei "Mean It" ëm Zweiwel an enger Bezéiung, wann een d' Éierlechkeet hannert de Wieder vum Partner a Fro stellt."Mean It" ass um Debütalbum "How I'm Feeling" vum Lauv ze fannen, deen de 6. Mäerz 2020 eraus kënnt.

Aussergewéinleches:
Säi Kënschtlernumm Lauv, wat Léiw op lettesch bedeit, ass een Hommage u säi Stärenzeechen

Fréier Hits
De Lauv ass mat Hits wéi "I'm so tired" an “I Like Me Better” bekannt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Benny Blanco, Dean Lewis, Years & Years

Lauschtert eran: