Den hollänneschen Produzent ass zréck mat enger neier Single

Fakten:
Den Titel "Be Yours" ass di nei Single vum hollänneschen DJ/Produzent Falco van den Aker alias "Deepend". Op dëser Nummer iwwerzeegt hien op en neits mat melodiéise Gittaren, engem entspaante Groove an engem poppege Refrain deen direkt an d'Ouer geet

Aussergewéinleches:
Den Deepend gouf no sengem Remix vum Matt Simon's Titel "Catch & Release" international bekannt. Um hollännesche Radio war dëse Remix dee meescht gespilltste Song 2016.

Fréier Hits
Den Deepend ass bekannt fir erfollegräich Singele wéi "Runaways", "Woke Up In Bangkok" an natierlech de Smash Hit Remix vum Matt Simons Titel "Catch & Release".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Feder, Bakermat, Lost Frequencies

Lauschtert eran: