No "Don’t Start Now" ass d'Dua Lipa elo zréck mat der 2. Single vum neien Album "Future Nostalgia".

Fakten:
Déi éischt Single "Don’t Start Now“ ass mat iwwer 170 Millioune Streams weltwäit schonn ee Risenerfolleg. Mam Titeltrack "Future Nostalgia" presentéiert di brittesch Sängerin elo déi 2. Single aus dem neien Album. Den Album kënnt 2020 eraus. E genee'en Datum steet nach net fest. Geplangt ass och eng Headliner-Tour duerch Europa.

Aussergewéinleches:
Mat 15 huet d'Dua Lipa seng Elteren iwwerriet, seng Heemecht Kosovo eleng verloossen ze dierfen, fir zu London seng musikalesch Carrière ze lancéieren. Hatt huet an engem Restaurant geschafft an niewebäi Coversongs vu sengen Ikonen opgeholl – wéi Christina Aguilera an Nelly Furtado – an d'Tracks op Youtube gestallt. Seng Carrière koum a Schwong, wéi hatt an engem Trailer fir di britesch Talentshow "The X Factor" matgewirkt huet, an de Management vum Lana Del Rey sou op hatt opmierksam gouf.

Fréier Hits
2016 huet d'Dua Lipa den Duerchbroch erlieft mat de Singelen "Hotter Than Hell", "I’m The One" an "Blow Your Mind". 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lorde, Tove Lo, Rita Ora

Lauschtert eran: