"Alte Seele" ass een nostalgesche Song iwwert d'méi al ginn an déi zréck geloosse Jugend.

Fakten:
Verschidde Kënschtler ginn ee wäite Wee, fir hire ganz eegene Sound ze fannen. Ee vun deene Kënschtler ass de Wiener Museker Clemens Kinigadner. Hie kuckt schonn op vill Bandprojeten a Live-Erfarungen zréck, zanter 5 Joer ass hien ënnert dem Kënschtlernumm LEMO ënnerwee. Seng peppeg Single "Alte Seele" suergt fir gutt Laun bei killen Hierschttemperaturen.

Aussergewéinleches:
A senger Single "Alte Seele" séngt de Lemo am Numm vu senger Séil vun de gudden alen Zäiten, déi hien deemools opbléie gelooss hunn. Säi fréiert ""Ech" erënnert hien an de Lyrics dorun, dass dës Verrécktheet nach ëmmer an him stécht an des och weiderhi gelieft sollt ginn.

Fréier Hits
De LEMO huet mat "Vielleicht der Sommer", "So leicht", "Der Himmel über Wien" a "So wie du bist" 4 Singelen tëscht 2014 an 2016 eraus bruecht, déi all héich an déi éisträichesch Charts geklomme sinn Den Album "Stück für Stück" vun 2016 huet et bis op Plaz 12 a senger Heemecht gepackt. Fir säin Talent, reell Emotiounen a Lidder ze formen, gouf hie bei der Amadeus-Verdeelung gläich 2 Mol an 3 Joer mam  Award als "Songwriter vum Joer" ausgezeechent.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Leoniden, Clueso,Annenmaykantereit

Lauschtert eran: