Den DJ Steve Aoki huet zesumme mam Sting a mam Indietrio Shaed eng nei Single eraus bruecht

Fakten:
Nieft dem Indie-Trio Shaed huet den DJ a Produzent Steve Aoki sech keen anere wéi de 17-fache Grammy-Gewënner Sting fir de Gesang geholl a mat hinnen zesummen d'Single "2 In A Million" produzéiert! D'Resultat ass ee balladesk-poppegen Ouerwuerm mat exoteschem Refrain.

Aussergewéinleches:
De Steve Aoki gehéiert zu de bescht bezueltsten DJe vun der Welt. Am Ranking vum DJ Magazine war hien 2013 op Plaz 8.

Fréier Hits
De Steve Aoki war schonn 2 mol fir de Grammy nominéiert. Hien notéiert mëttlerweil  2,6 Milliarde Streams op Spotify, an 355 Millioune Streams op YouTube. De Sting krut 17 Grammy Awards, 1 Golden Globe, 1 Emmy, a 4 Oscar Nominéierungen an hien huet 100 Milliounen Alben als Solokënschtler a mat The Police verkaf. Den amerikaneschen Trio Shaed huet mat der Single „Trampoline“ den Duerchbroch gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Martin Garrix, Liam Payne, Ava Max

Lauschtert eran: