Den amerikaneschen Newcomer lant mat "Falling" e groussen Hit.

Fakten:
2018 gouf den amerikanesche Sänger mat éischte Lidder bekannt. Och seng aktuell Single "Falling" gouf schonn am Oktober 2018 released. Elo eréischt konnt „Falling“ sech awer zum Hit entwéckelen an huet zum Beispill bei YouTube iwwer 40 Millioune Klicks.

Aussergewéinleches:
2017 huet een Hurricane dem Trevor seng Heemecht Houston zerstéiert. De Museker ass mam Kayak bei seng Wunneng gefuer, fir säi Musek-Equipement zu retten. Fir de Produzent een decisive Moment: Him gouf kloer, dass Musek dat ass, wat hie maache wëllt.

Fréier Hits
Op der High School huet den Amerikaner Fussball gespillt. Nodeems hien domat opgehalen huet, stoung fir den Trevor d'Musek un éischter Plaz. Hien huet duerch Tutorials am Internet geléiert, wéi ee Lidder produzéiert. D'Tutorials vum Channel „Internet Money“ waren fir de Museker eng grouss Hëllef. D'Team vun „Internet Money“ hat och scho fir den Drake, Post Malone a Future geschafft. De Grënner vum Channel, Taz Taylor, gouf e Fan vum Trevor Daniel senger Musek an huet och „Falling“ zesumme mam Trevor Daniel geschriwwen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Arizona Zervas, Blackbear, Post Malone

Lauschtert eran: