Martin Solveig a Roy Woods presentéiere mat "Juliet & Romeo" ee Gutt-Laun-Partysong.

Fakten:
Nom Titel "Thing For You" zesumme mam David Guetta huet de Martin Solveig elo eng nei Single mam Kanadier Roy Woods eraus bruecht. "Juliet & Romeo" ass ee Partysong deen dozou oprifft, ze danzen. De Roy Woods ass eigentlech fir méi lues Lidder a fir ee méi melancholesche Sound bekannt. Fir "Juliet & Romeo" huet hie säi Stil awer geännert.

Aussergewéinleches:
Di markant Keyboard-Melodie vu „Juliet & Romeo“ ass aus dem Song "Der Alte" vum dänesche Produzenten Kölsch gesampelt. "Der Alte" ass schonn 2013 um Album "1977" eraus komm.

Fréier Hits
De Martin Solveig ass ee franséischen DJ a Produzent, deen 204 mat der Single "Rocking Music" een éischten Hit gelant huet. Dono war hien mat Lidder wéi "Hello" an "Intoxicated" an den Charts. A verschiddene vu senge Lidder séngt hien och selwer.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kungs, Feder, Bob Sinclar

Lauschtert eran: