Den amerikanesche Pop-Star ass zréck mat neier Musek!

Fakten:
2018 konnt d'Ava Max mat sengem "Sweet But Psycho" säi groussen Duerchbroch feieren. Mat sengen Hits "So Am I", "Freaking Me Out" a virun allem och "Torn" huet hat 2019 säin Erfolleg vu leschtem Joer definitiv bestätegt. Ufanks 2020 soll dann och endlech säin Debut-Album erauskommen. Elo huet d'Ava Max seng nei Single mam Titel "Salt" released - e Song deen u sech schonn zënter iwwert engem Joer dobaussen ass an deen och ee vun de Fan-Favourites op senge Concerten ass.

Aussergewéinleches:
Duerch senger Mamm hir Virléift fir d'Oper ass d'Ava Max scho ganz fréi mat Musek a Kontakt komm. A senger Schoulzäit huet d'Ava Max dunn éischt Erfarungen als Sängerin op enger Bühn konnte sammelen. Mat 14 Joer huet hat mat der Hëllef vum Pharell Williams de Sprong an d'Museksgeschäft gepackt. Zu senge musikalesche Virbiller zielt d'Ava Max ënnert anerem d'Madonna, d'Gwen Stefani, d'Fergie an d'Christina Aguilera.

Fréier Hits:
Am August 2017 huet den amerikaneschen DJ a Produzent Le Youth den Titel "Clap Your Hands" released, op deem d'Ava Max als Gaascht-Musekerin ze héieren ass. Et war di éischt Single déi hat ënnert sengem Kënschtlernumm "Ava Max" erausbruecht hat. Am Joer duerno sollt hat bei Atlantic Records e Plackekontrakt ënnerschreiwen an ënnert anerem d'Singelen "My Way" a "Slippin" zesumme mam Gashi verëffentlechen. Am August vun deem selwechte Joer huet d'Ava Max dunn mat "Sweet But Psycho" säin Duerchbroch gefeiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Mabel, Camila Cabello, Ally Brooke, Lady Gaga

Lauschtert eran!