D'DJ-Legend Tiësto huet sech mam Stevie Appleton zesumme gedinn, fir di nei Single “Blue” ze presentéieren.

Fakten
Den hollänneschen DJ huet Enn 2019 déi roueg Dance-Pop-Produktioun "Blue" mam Sänger Stevie Appleton eraus bruecht . hei weist den Hollänner, dass hien och mat méi duussen Téin iwwerzeege kann. Et gëtt een dobäi un d'Lidder vu Lost Frequencies erënnert.

Aussergewéinlexches
Den Tiesto huet sech am Alter vun 8 Joer schonns Intresséiert fir DJ ze sinn.2000 am Alter vun 31 Joer huet hien säin Duerchbroch gefeiert,an gelt zënter hier als een vun deenen wichtegsten DJ`en Weltwäit. Den Tijs Michiel Verwest wei den Tiesto richteg heescht, ass fir vill Museker an aner DJ`en eng Art Mentor.

Fréier Hits
Den Tiësto gehéiert mëttlerweil schonn zu de ganz groussen DJen aus der engleschsproocheger Musekszeene. 2000 konnt hien den Duerchbroch mat senger Remixversion zu "Silence" vun Delerium feieren. Am Fréisummer huet hie mam Rita Ora an Jonas Blue de gigantesche Summerhit "Ritual" geliwwert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Martin Garrix, Calvin Harris, Avicii

Lauschtert eran: