No laanger Paus ass den Justin Bieber zréck – mat enger Libeserklärung u seng Fra

Fakten
Den Justin Bieber huet mat "Yummy" seng éischt Single zanter 4 Joer eraus bruecht. D'Single gouf verëffentlecht, nodeems den Justin Bieber neit Material iwwert ee Youtube-Video ugekënnegt hat.  Hien huet och eng Nordamerika-Tour an een neien Documentaire mam Titel "Seasons" annoncéiert. Dëst Joer wëllt hien och een neie Studioalbum eraus bréngen. "Yummy" ass déi éischt Single doraus.

Aussergewéinlexches
Dem Justin Bieber säin neien Documentaire "Seasons“ befaasst sech mat de perséinleche Problemer, mat deenen den Justin Bieber an de  leschte Joren ze kämpfen hat, a wéinst deenen hien 2015 all seng Concerten ofgesot huet. Zanterhier huet de Kanadier keen neit Material méi eraus bruecht- mat Ausnam vu Features wéi seng Kollaboratioun um Ed Sheeran sengem Album "No. 6 Collaborations Project".

Fréier Hits
Dem Justin Bieber seng Carrière huet mat Coverversiounen ugefaangen, déi hien als Video op YouTube gesat huet. 2010 hat hie mat "Baby" een éischte groussen Hit. Den Debütalbum "My World 2.0" a seng "My World" Tour" hunn aus dem Justin Bieber ee vun den ugesotste Popstare gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Shawn Mendes, Zayn, Bruno Mars

Lauschtert eran: