No "Dance Monkey" ass d'Sängerin Tones And I zréck mat enger neier Single

Fakten
Ugefaangen huet Tones and I als Stroossemusekerin a senger australescher Heemecht. Am August zejoert huet d'Sängerin hir Debüt EP "Kids Are Coming" eraus bruecht. Nieft der Debütsingle "Johnny Run Away" an dem viralen Hit "Dance Monkey" ass heirobber och di nei Single "Never Seen The Rain" ze fannen.

Aussergewéinleches:
Viru senger Musekskarriäre huet d'Toni Watson alias Tones And I als Caissière an engem Geschäft geschafft, war awer an deem Beruff net frou. An obwuel Stroossemusek an Australien eng schwiereg Saach ass, an d'Konkurrenz immens grouss, huet dat him manner Angscht gemaach wéi am alen Job stiechen ze bleiwen. Dat léisst sech och op säi Lidd "Never Seen The Rain" iwwerdroen. Hei geet et nämlech em Leit, déi an hirem Muster gefaange sinn, aus Angscht ze versoen. Doduerch gesäit een Dag aus wéi deen aneren aus a si bréngen et ni fäerdeg, eppes Neies auszeprobéieren. Genee dozou wëllt Tones and I d'Leit mat sengem Song animéieren.

Fréier Hits
Fir Tones And I hätt et 2019 net besser lafe kënnen. Obwuel hatt eréischt zanter leschtem Joer Musek mécht, ass him mat "Dance Monkey" den internationale Duerchbroch gelongen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Izzy Bizzu, Zak Abel, Ella Eyre

Lauschtert eran: