De Gregory Porter presentéiert déi 1. Single vu sengem neie Studioalbum "All Rise".

Fakten
De Gregory Porter huet vru kuerzem seng nei Single “Revival” eraus bruecht. Fir de 17. Abrëll huet hie säin neie Studioalbum “All Rise” ugekënnegt.

Fréier Hits:
Den US-amerikaneschen Jazzsänger Gregory Porter gehéiert zu den erfollegräichste Museker vum modernen Jazz. Säi Publikum begeeschtert hie mat senger staarker Stëmm a mat senger Léift zu Soul, Blues a Gospel. Säin definitiven Duerchbroch hat hie mat sengem 3. Album "Liquid Spirit". Zanterhier spillt de Gregory Porter reegelméisseg a Concertssäll weltwäit a plaziert sech international an den Charts.

Aussergewéinleches:
De Gregory Porter gëtt et net ouni säi  Markenzeechen: seng Ballonsmutz, déi hien iwwert engem Schal dréit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jamie Cullum, Norah Jones

Lauschtert eran: