Den däitsche Produzent Kris Menace ass zréck mat neier Musek.

Fakten
Den däitschen Techno-Produzent Kris Menace ass zréck mat enger neier Single. Den Titel  „Rome“  ass ëmmer nach ganz danzbar, awer manner techoorientéiert wéi fréier Stécker. Iwwerdeems vill vu senge leschte Stécker réng instrumental waren, ass di nei Single mam däitsche Sänger Millé entstanen. Den Track dierft manner an den Szeneclubs ze héiere sinn wéi vill méi an den ugesote Radiossendungen weltwäit.

Aussergewéinleches
5 Joer huet den däitsche Produzent Kris Menace keng nei Musek méi eraus bruecht. Eng schwéier Depressioun hat hien zu enger laanger Paus gezwongen. Elo ass de Kënschtler zréck mat enger neier Musek.

Fréier Hits
De Kris Menace huet Remixer fir bekannte Museker gemaach a gouf fir seng Neiinterpretatioune vun Depeche Mode, Underworld, LCD Soundsystem, Moby a Lana Del Rey gefeiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Chris Malinchak, Eric Prydz, Tensnake

Lauschtert eran: