Di Schwäizer-albanesch Sängerin ass zréck mat enger neier Single.

Fakten:
"Royalty" ass di nei Single vun der Sängerin  Ilira Gashi alias "Ilira". De Message vum Lidd ass folgenden: Looss dech net schlecht behandelen! D'Ilira plaidéiert mat cleverem Songtext fir ee méi grousst Selbstwäertgefill. “Treat me like I’m Royalty” séngt d'Schwäizer-Albanerin hei. Aktuell schafft d'Ilira u senger éischter EP.

Aussergewéinleches:
Seng musikalesch Karriär huet an der Grondschoul ugefaangen, wou hatt verschidden Optrëtter hat. Als Jugendlechen hat hatt éischt Optrëtter am Schwäizer an am albaneschen TV. Am Joer 2010 huet d'Ilira mat senger deemoleger Band The Colors bei der Schwäizer Qualifikatioun fir de "Eurovison Song Contest" matgemaach. Bekannt ass d'Ilira besonnesch fir seng Véier-Oktave-Stëmm.

Fréier Hits
„Royalty“ ass schonn déi 9. Single, déi d'Ilira eraus bréngt. Mat sengem Radio-Hit „Fading” zesumme mat Alle Farben hat d'Ilira scho säi gutt Gefill fir Hits ënner Beweis gestallt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Ava Max, Mabel, Lena

Lauschtert eran: