Di däitsch Band presentéiert mam Song "Ausgehen" neit Material.

Fakten:
Op der neier Single séngt den Henning May iwwert säi Wonsch, owes eraus ze goen. Et gëtt do eng Persoun, déi et him ugedoen. Ganz am labberen AnnenMayKantereit-Stil bleift de Refrain séier am Ouer hänken. De Song ass Deel vum Soundtrack zum Film “Nightlife” vum Simon Verhoeven, deen den 13. Februar am däitsche Kino ugelaf ass.

Aussergewéinleches:
Ugefaangen hunn AnnenMayKantereit als Stroossemusikanten, haut triede si als Festival-Headliner op! De Leadsänger Henning May a seng Bandkolleegen hu sech zu engem feste Bestanddeel vun der däitscher Musekszeene entwéckelt.

Fréier Hits
Am Joer 2016 hat d'Band hiren Debütalbum "Alles nix Konkretes" eraus bruecht. Enn 2018 koum den 2. Album "Schlagschatten". Bekannte Singele vun der Band sinn "Pocahontas" an "Oft gefragt".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kraftklub, Bosse, Leoniden

Lauschtert eran: