Den Alex Crossan alias Mura Masa presentéiert eng nei Single mat der Londoner Sängerin Georgia

Fakten:
De Mura Masa huet zesumme mat der Londoner Sängerin Georgia ee Lidd opgeholl.  Hei fënnt een engersäits  dem Mura Masa säin typesche Sound, d.h. e Mix aus Tropical House, Dupstep an Hip-Hop , an anerersäits dem Georgia seng wonnerbar liicht Aart ze sangen.

Aussergewéinleches:
Bei der BBC-Prognose "Sound of 2016", mat den intressantsten Newcomer vun deem Joer, gouf de Mura Masa op Plaz 5 gewielt.

Fréier Hits
D'Georgia Barnes ass eng vun den ugesotsten Sängerinne vun der brittescher Musekszeene. Mat sengem aktuellen, 2. Album "Seeking Thrills" kombinéiert hatt euphoreschen Dancepop a bréngt d'Stëmmung vun enger Partynuecht op de Punkt. Den Alex Crossan mécht Musek ënnert dem Kënschtlernumm "Mura Masa"  gouf mat sengem Debütalbum fir 2 Grammyen nominéiert. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Snakehips, Disclosure, SG Lewis

Lauschtert eran: