"My Truck" ass déi éischt Single vum Country-Trap Kënschtler Breland.

Fakten
De Breland huet schonn 2019 bei Instagram ee Snippet vum Lidd geteast. Seng Follower hunn hien du gebieden, d'Lidd fäerdeg ze maachen n Enn 2019 huet hien d'Lidd eraus bruecht am Januar fir e virale Moment gesuergt- mat e sëllegen TikTok-Visuals an iwwer 20 Millioune Streams. De 24 Joer ale Sänger a Producer vun New Jersey leet sech net op ee Genre fest, mee verréckelt Grenze mat sengem hypnoteschen Hybrid aus Country, Trap, an R&B-Soul. 

Aussergewéinleches:
Als Kand ass de Breland mat Kierchemusek opgewuess. Säi Papp war nämlech als musikaleschen Dirigent an enger Kierch engagéiert. D'Famill huet oft véierstëmmeg Harmonie gesongen, de Breland huet sech awer vrun allem fir Fantasy-Romaner wéi "Herr der Ringe", "Game of Thrones" an "Harry Potter" intresséiert. Am Highschool-Internat koum fir d'éischt mat Popmusek a Kontakt an huet Museker wéi Prince, Aretha Franklin, The Beatles, a Stevie Wonder gelauschtert. Dee Moment huet hien och ugefaange, Lidder ze schreiwen.

Fréier Hits:
A der Vergaangenheet war de Breland hannert de Kulissen aktiv an huet Hits fir aner Kënschtler geschriwwen. Elo huet hien en neit Kapitel als Solokënschtler opgeschloen.  Mat senger éischter Single "My Truck" cruist de Breland elo op Plaz 1 vun de Spotify Viral-Charts ë.a. an Däitschland, den USA an an de Global Viral 50.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lil Nas X, Blanco Brown, French Montana

Lauschtert eran: