Milky Chance presentéieren "Don’t Let Me Down", eng gemeinsam nei Single mam Jack Johnson. 

Fakten:
Et ass eng interessant Mëschung: Di däitsch Folktronica-Band Milky Chance an den US-Singer-Songwriter Jack Johnson hunn eng gemeinsam Single opgeholl. Et ass deen éischten neie Song vu Milky Chance zanter hirem Album "Mind the Moon" vun 2019.

Aussergewéinleches:
De Clemens Rehbein an de Philipp Dausch si grouss Fans vum Jack Johnson: „Mir lauschteren dem Jack Johnson seng Musek zanter eiser Jugend a hu seng Songs deemools souguer mat Frënn nogespillt". Och deen vun Hawaii staamende Surfer a Museker Jack Johnson bezeechent d'Aarbecht mat Milky Chance als iwweraus positiv.

Fréier Hits
Milky Chance si bekannt fir Hits wéi "Stolen Dance", "Down by the river" a "Cocoon". Dem Jack Johnson säi gréissten Hit war "Upside Down".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Donovan Frankenreiter, Ben Harper, Jason Mraz

Lauschtert eran: