Den amerikaneschen DJ a Museksproduzent Marshmello huet zesumme mat der Sängerin Halsey en nei Single eraus bruecht.

Fakten:
Den amerikaneschen DJ a Produzent Marshmello huet an der Vergaangenheet scho mam Anne-Marie, Logic, Khalid, James Arthur a Bastille zesumme geschafft. Elo presentéiert hien eng Kollaboratioun mat der US-amerikanescher Sängerin Halsey a Form vun der neier Single “Be Kind”.

Aussergewéinleches
Am Song geet et ëm Vertrauensproblemer an dorëm, dass et okay ass, sech sengem Partner géintiwweropzemaachen.“When you know you can cry to the one, always confide in the one, you can be kind to the one that you love.”

 

Fréier Hits
De Marshmello huet sech bannent 3 Jor zu engem vun de bescht bezueltsten DJs vun der Welt gemausert. De Mann mam opfällegen Helm ass niewebäi och nach ee ganz erfollegräiche Produzent am Beräich EDM-Pop. Mat “Silence“  a “FRIENDS“ sinn dem Marshmello 2 grouss Hits gelongen.   D'Halsey huet scho mat The Chainsmokers, G-Eazy, BTS a villen aneren zesumme geschafft. Mam Titel "Ghost" huet di New Yorker Sängerin 2014 fir d'éischte Kéier op sech opmierksam gemaach. Mëttlerweil kuckt hatt zréck op e sëllechen Hits wéi "Without Me" an "Nightmare" an "You Should Be Sad".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Imagine Dragons, OneRepublic, Rita Ora

Lauschtert eran: