Den Titel "Roses" vun SAINt Jhn gouf vum onbekannte Producer Imanbek nei gemixt zu dynameschen House-Hit.

Fakten:
"Roses" von SAINt Jhn ass fir d'éischt 2016 eraus komm. Spéider war en och Deel vu sengem Debüt-Album "Collection One", deen hien 2018 gedropped hat. De Producer Imanbek mécht elo aus "Roses" vu SAINt Jhn eng danzbar Nummer mat Deep House-Aflëss.

Fréier Hits:
De SAINt Jhn huet 2018 säin Debüt-Album "Collection One" eraus bruecht. Am Summer 2019 koum den Nofollger "Ghetto Kenny’s Love Songs" heescht di 2. Plack vu SAINt Jhn. Domat huet hien eng éischte Kéier di US-amerikanesch Album-Charts erreecht. De SAINt Jhn ass awer net just als Solo-Kënschtler bekannt: hien huet ënner anerem och scho fir Usher a Kiesza geschriwwen.

Aussergewéinleches:
De SAINt Jhn kënnt vun  New York an huet guyanesch Originnen. Seng Kandheet huet hien an den USA an a Guyana verbruecht. De Staat a Südamerika grenzt u Venezuela a Brasilien an huet net mol eng Millioun Awunner.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Trevor daniel, Arizona Zervas

Lauschtert eran: