All d'Recetten vum gemeinsame Song vum Ariana Grande an Justin Bieber ginn un d'First Responders Children's Foundation.

Fakten:
D'US-Sängerin Ariana Grande an de kanadesche Popstar Justin Bieber hunn um Donneschdeg Owend de Video zu hirem "Lockdown"-Duett "Stuck With U" verëffentlecht. D'Ariana Grande kusst doran een Onbekannte mat Kaputze-Sweatshirt. Verschidde Medien erkennen an him ee Luxusimmobiliemakler, mat deem d'Ariana eng Bezéiung soll hunn.Persounen a medezinesche Beruffer a verschidden Hollywood-Stare completéieren d'Team vum neie Video, deen op YouTube bannent 6 Stonne fir 2,5 Milliounen Opriff gesuergt huet.

Aussergewéinleches:
D'Pop-Diva Ariana Grande an den Teenie-Star Justin Bieber hunn dëst Lidd fir de gudden Zweck opgeholl. All d'Recetten vun hirer neier Single "Stuck With U" ginn un d'First Responders Children’s Foundation, déi Kanner vu Mataarbechter vum Gesondheetswiesen finanziell ënnerstëtzt.

Fréier Hits
D'Ariana Grande hat Hits wéi "No Tears Left to Cry", "God Is a Woman", "Breathin" a "Thank U, Next". Dem Justin Bieber seng Carrière huet mat Coverversiounen ugefaangen, déi hien als Video op YouTube gesat huet. 2010 hat hie mat "Baby" een éischte groussen Hit. Den Debütalbum "My World 2.0" a seng "My World" Tour" hunn aus dem Justin Bieber ee vun den ugesotste Popstare gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Selena Gomez, Demi Lovato, Rita Ora

Lauschtert eran: