Dëst Joer bréngt d'Joy Crookes säin Debütalbum eraus. Dorops ze fanne ass och di nei Single "Anyone But Me".

Fakten:
D'Joy Elizabeth Akther Crookes ass eng brittesch Neo-Soul-Singer-Songwriterin vu London. Hatt inspiréiert sech u klasseschen Jazz- a Soul-Diven a gëtt de Moment a Groussbritannien als eng vun de gréisste Popentdeckunge vum Joer gefeiert.

Aussergewéinleches:
Op sengem Twitter Account äussert d'Joy Crookes sech oft politesch an reegt sech iwwer sozial Ongerechtegkeeten op, grad wéi iwwer Rassismus, Xenophobie, an de Brexit

Fréier Hits
Mat 13 Joer huet hatt ugefaangen, Lidder vun anere Kënschtler ze coveren an op YouTube ze setzen. Mat 17, am Joer 2017, huet hatt éischt eege Lidder eraus bruecht. 2020 gouf hatt bei de Brit Awards an der Kategorie "beschten Newcomer" nominéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Mae Muller, Izzy Bizu, Lianne La Havas

Lauschtert eran: