Den Dominic Harrison alias "Yungblud" ass zréck mat enger neier Single.

Fakten
Den Dominic Harrison mécht Punkrock ënnert sengem Pseudonym "Yungblud". Eigentlech wollt sech de Yungblud eng Social-Media-Paus gënnen, fir u sengem 2. Album ze schaffen. Wéinst der Corona-Pandemie huet hien sech awer viru kuerzem mat der Tube-Serie „Stay Home With: Yungblud“ zréck gemellt. Ausserdeem huet de Yungblud den Track „Weird!“ elo scho méi fréi wéi geplangt released. Dëst Lidd soll senge Fans hëllefen, mat der Situatioun besser eens ze ginn.

Aussergewéinleches
Rock´n´Roll ass beim Dominic Harrison alias Yungblud wuel ugebuer. Säi Grousspapp war an de 70er als Member vun der Rockband T-Rex ee Megastar. An och de Yungblud kann d'Gittar einfach net aus dem Grapp leeën. 

Fréier Hits
Mat sengem Debütalbum „21st Century Liability“ vun 2018 huet deen 21 Joer alen Yungblud alias Dominic Harrison sech bekannt gemaach.  Säi séiere Gesang erënnert un den Jamie T., säi briteschen Accent un d'Arctic Monkeys, a seng Energie un The Clash.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Wombats, Walk The Moon, Maximo Park

Lauschtert eran: