The 1975 sinn zréck mat enger weiderer Single aus hirem neien Album "Notes on a conditional form".

Fakten
Di brittesch Pop-Rockband The 1975 huet hir nei Single „If You’re Too Shy (Let Me Know)“ verëffentlecht. Nieft dem Leadgesang vum Matthew Healy héiert een am Lidd och Vocals vun der brittescher Avantgarde-Musekerin FKA Twigs.

Aussergewéinleches
Eigentlech sollt den neien Album "Notes on a conditional form" den 21. Februar dëst Joer eraus kommen, mee dunn huet de Frontsänger Matthew Healy de Release verréckelt an ugekënnegt dass den Album „definitiv“ de 24. Abrëll 2020 verëffentlecht gëtt. Passéiert ass dat net, den neien Datum soll elo den 22. Mee 2020 sinn.

Fréier Hits
The 1975 sinn eng brittesch Indie-Rock-Band vu Manchester. Den Duerchbroch haten The 1975 mat der EP "Music for Cars" an Single "Chocolate".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Wombats, Bastille, Haim

Lauschtert eran: