Den amerikaneschen Indie-Duo ass zréck mat enger neier Single

akten
Den Debütalbum vun Rhye mam Titel "Woman" ass aus dem Joer 2013. Elo mellen den Mike Milosh an de Robin Hannibal sech zréck mat neier Musek.

Aussergewéinleches
Bekannt sinn Rhye nieft hirer verdreemt-grooveger Musek, och fir hir intressant Alben- a Singlecoveren. Dorobber sinn nämlech ëmmer schwaarz-wäiss Groussopnahmen vu plakegen Kierperdeeler vun enger Fra ze gesinn. Hannert dem Numm Rhye stiechen awer 2 Männer. De Robin Hannibal an den Mike Milosh bleiwen allerdéngs léiwer am Hannergrond.

Fréier Hits
An der Indieszene ass Rhye scho méi laang bekannt. Di 2 Museker haten ënner anerem am Joer 2012 mat "The Fall" ee kléngen Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Morcheeba, The Internet, Sampha

Lauschtert eran: