D'Katy Perry huet een neie Song mam Titel "Daisies" eraus bruecht.

Fakten
"Daisies" ass déi éischt Single vu sengem neie mëttlerweil 5. Album, dee bis ewell nach keen offiziellen Titel huet. Den Album soll de 14. August eraus kommen. Dem Katy Perry säi leschten Album "Witness" ass schonn 3 Joer al. Seng leschte Single "Never Worn White" koum am Mäerz eraus – d'Sängerin huet de Video vun der Single genotzt, fir seng Schwangerschaft bekannt ze maachen. Am Video zu "Daisies" ass dat schwangert Katy Perry an engen dënne, wäisse Rack ze gesinn , deem am Wand säi Babybauch betount.

Fréier Hits
D'Katy Perry gouf 2008 mat "I Kissed A Girl" an "Hot n Cold" bekannt an huet weltwäit méi wéi 126 Millioune Placken an iwwer 72 Milliounen Download-Singele verkaf.

Aussergewéinleches:
Den neie Song heescht "Daisies", wat op Lëtzebuergesch "Margréitchen"  heescht. D'Katy Perry hofft, dass d'Lidd fir seng Fans de Soundtrack vun der Dramerfëllung gëtt. Wéi hatt seet, huet hatt d'Lidd virun e puer Méint geschriwwen als Opruff, der Ligne, déi ee sech festgeluecht huet, trei ze bleiwen, onofhängeg dovun, wat anerer denken.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bebe Rexha, Taylor Swift, Rihanna

Lauschtert eran: