Nom Billie Eilish probéiert och säi Brudder, mat eegene Lidder bekannt ze ginn.

Fakten
Ouni säi Brudder géing d'Musek vum Billie Eilish net sou klénge, wéi se kléngt. De Finneas O'Connell produzéiert awer net just fir seng Schwëster, mee hien war och scho fir de Khalid oder den John Mayer aktiv. Vrun allem mécht hien och selwer Musek. Am Hierscht ass seng éischt EP eraus komm. Dorop ze fannen ass och seng nei Single "Let’s Fall In Love for The Night".

Fréier Hits
Spéitstens zanter de Grammy Awards 2020 kennt een de Finneas O'Connell. Do huet hien ënner anerem an der Kategorie "Producer Of The Year" gewonnen. D'Billie Eilish huet säi Brudder bei de Grammyen och als säi beschte Frënd bezeechent. Hien huet säin Debütalbum net just produzéiert, di 2 hunn och di selwecht musikalesch Visioun. Den Titel vum Finneas senger EP "Blood Harmony" steet fir déi Momenter, wa Geschwëster zesumme sangen a Musek maachen.

Aussergewéinleches
Wéi de Finneas mol erzielt huet, huet hien vill vu senge Lidder a senger Schlofzëmmer komponéiert. Ee Laptop géing him oft schonn duer goen,  vill Equipement bräicht hien net- dat war och bei senger EP esou.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Harry Styles, Lewis Capaldi, Lauv

Lauschtert eran: