Di brittesch Sängerin ass zréck mat enger neier Single

Fakten:
D'Izzy Bizu mellt sech zréck mat enger neier Single: Nodeems di brittesch Sängerin virun e puer Joer mat hirem Debütalbum „A Moment of Madness“ bekannt gouf, ass hatt elo zréck mat der Single "Faded".

Aussergewéinleches:
Wéi seng Plackefirma "Sony Music" schreift, huet d'Izzy Bizu de Song mam Gedanke geschriwwen, wéi et wuel wier, wann ee just nach een dag mat sengem Partner an enger ustrengenden Achterbunn-Bezéiung ze verbréngen hätt. Izzy selwer seet dozou: „Et ass eent vun dëse Gefiller. Wann ee mat der Persoun zesummen ass, da fillt ee sech net gutt, awer wann een ouni dës Persoun ass, da fillt ee sech op eng aner Aart a Weis net gutt. An et kann ee sech net entscheeden, ob een des Persoun a sengem Liewe wëllt hunn oder net.

Fréier Hits:
D'Lidd"White Tiger" ass 2015 als Single eraus komm a konnt sech 2016 an den europäesche Singlecharts placéieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Emeli Sandé, MO, Jess Glynne

Lauschtert eran: