Di däitsch Sängerin presentéiert hir éischt Single "Control".

Fakten:
D'Zoe Wees ass Newcomerin vun Hamburg. Seng Debüt-Single "Control" erënnert un de reduzéierte Sound vum Ballade-Profi Lewis Capaldi.

Aussergewéinleches:
Inhaltlech verschafft d'Sängerin an der Single "Control" seng Zäit an der Grondschoul, an där si ënner Epilepsie gelidden huet. Duerch d'Krankheet huet hatt ëmmer nees d'Kontroll verluer, woubäi seng Schoulmeeschtesch eng grouss Hëllef fir hatt war. Als Merci gëtt et elo fir d'Schoulmeeschtesch de  Song "Control".

Fréier Hits:
Di däitsch Sängerin huet 2017 bei der Castingshow "The Voice Kids" matgemaach. Hatt huet d'Show zwar net gewonnen, huet do awer den Ed Sheeran kenne geléiert. Och hien huet erkannt, dass hatt eng besonnesch Stëmm huet. Dee Weltstar huet deemools gemengt: "D'Zoe huet eng Stëmm, déi absolut no fir geet an eng ganz besonnesch Presenz huet."

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Arthur, Benee, Julia Michaels

Lauschtert eran: