D'Sia presentéiert seng nei Single „Together“ vu sengem neien Album "Music".

Fakten:
Di australesch Sängerin huet eng nei Single eraus bruecht, déi zugläich ee spannende Projet lancéiert: "Together" gouf vum Sia fir säin Regiedebüt, de Film "Music" geschriwwen, "Together" ass een vun 10 neie Lidder, déi hatt fir de Film geschriwwen huet.

Aussergewéinleches:
D'Haaptrollen am Film "Music" spillen Kate Hudson, Leslie Odom, Jr. a Maddie Ziegler. Am Film fënnt d'Zu (Kate Hudson) no enger Suchterkrankung nees zréck an d'Liewen, a gëtt gewuer dass hatt fir  d'Erzéiung vu senger Hallefschwëster mam Numm "Music" (Maddie Ziegler) soll zoustänneg sinn, ee jonkt Meedchen mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung.

Fréier Hits:
Fir d'lescht war d'Sia am Februar als Feature an der BTS-Single "On“ ze héieren, zejoert hat d'Sia mam Diplo a Labrinth d'Grupp LSD gegrënnt. Hiren Debütalbum "Labrinth, Sia & Diplo Present... LSD" gouf bis ewell eng Milliard mol gestreamt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Adele, Lorde, Ellie Goulding

Lauschtert eran: