Nom Summerhit "Cordula Grün" ass de Wiener Museker Josh elo zréck mat neier Musek.

Fakten:
Den Josh kënnt vu Wien an ass Singer/Songwriter. Mat "Cordula Grün" hat hiennde Summerhit 2018 gelant. 2020 wëllt de Sänger säin 2. Studioalbum eraus bréngen. Als Avant-goût gëtt et elo déi éischt nei Single "Wo bist du". Obwuel hien am Songtext enger fréierer Léift notrauert, suergt den Josh mat der Melodie vum Song fir gutt Laun.

Aussergewéinleches:
De Moment schafft den Josh u sengem 2. Album, deen nach dëst Joer eraus kënnt. De Moment sinn d'Konditiounen fir d'Opnamen nach net evident. Dofir huet den Josh fir "Wo bist du" een Opruff u seng Fans gestart an si gefrot, fir Handclaps a Backgroundgesang fir säin neie Song bäizesteieren.

Fréier Hits:
Ufank 2019 ass säin éischten Album "Von Mädchen und Farben" eraus komm. "Cordula Grün" war bis haut säi gréissten Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Annenmaykantereit, Kraftklub, Bilderbuch

Lauschtert eran: