Kygo a One Republic hu virun e puer Deeg hir gemeinsam Single "Lose Somebody" eraus bruecht.

Fakten:
Mat "Lose Somebody" feat. One Republic presentéiert den norwegesche Produzent an DJ Kygo seng nächst Single-Auskopplung aus sengem neie Studio-Album "Golden Hour". "Lose Somebody" ass schonn déi 5. Single vu "Golden Hour"- no Lidder wéi  "I’ll Wait" an "Higher Love". Et ass net déi éischte Kéier dass de Kygo mat der Band One Republic zesumme schafft. Um Kygo sengem leschten Album "Kids in love" kann ee schonn hir éischt Kollaboratioun mam Numm "Stranger Things" lauschteren. "Lose Somebody" handelt vun enger Persoun, déi sech vun hirem Partner getrennt huet, et dann awer bereit.

Fréier Hits:
De Kygo ass een norwegeschen DJ a Museksproduzent. Hie gehéiert zu de bekanntsten Interprete vum Tropical House. Zu sengen erfollegräichste Lidder gehéieren "Higher Love" Feat. Whitney Houston an"It Ain't Me" Feat. Selena Gomez. One Republic ass eng US-amerikanesch Pop-Rock-Band aus Colorado, där 2007 duerch d'Lidd "Apologize" den internationalen Duerchbroch gelongen ass. 2013 hunn si de Succès vun hirer Debüt-Single mam Lidd "Counting Stars" nach iwwertraff.

Aussergewéinleches:
De Kyrre Gørvell-Dahll ass ënnert sengem Kënschtlernumm Kygo ënnerwee. D'Aussprooch vu sengem Pseudonym gëtt souwuel an norwegescher (kyːɡuː), wéi och englescher Form (kaɪɡoʊ) gebraucht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Robin Schulz, Sam Feldt, Felix Jaehn

Lauschtert eran: