De Joel Zimmerman alias Deadmau5 an de Pharrell Williams alias The Neptunes hunn zesummen ee Lidd eraus bruecht.

Fakten
Bei "Pomegranate" handelt et sech net ëm eng belibeg Deadmau5-Single, mee ëm d'Zesummenaarbecht mam US-amerikaneschen “Happy“-Sänger Pharrell Williams. De Museker trëtt dobäi awer ënnert dem Pseudonym The Neptunes op. Musikalesch gräife béid Staren den aktuellen 80er-Trend am Pop-Beräich op. "Pomegranate" huet kee wierklechen Drop, mee setzt wärend dem ganze Lidd op d'Kombinatioun aus dem Pharrell Williams senger Stëmm  am dem funkegen Instrumental vum Deadmau5. 

Fréier Hits:
2008 huet den Deadmau5 de kanadeschen Juno Award fir dee beschten Dance-Track vum Joer mam Titel "All U Ever Want" gewonnen. Bei de Beatport Music Awards 2008 gouf hien als beschten Electro-House- a Progressive-House-Kënschtler ausgezeechent, seng Single "Not Exactly" huet den Titel "bescht Single 2008" gewonnen. D'Lieser vum DJ Magazine hunn hien 2010 op Plaz 4 gewielt. Bei der Winter Music Conference gouf hien als "Best American DJ" ausgezeechent. Seng Single "Ghosts 'n' Stuff" gouf als  "Best Electro Track" ausgezeechent.

Dat amerikanescht Hip-Hop-Produzenten-Team The Neptunes besteet aus dem Pharrell Williams an dem Chad Hugo a spillt zanter den 90er Joren eng grouss Roll an der Popmusek. The Neptunes hunn ënner anerem den Debütalbum vun der Sängerin Kelis produzéiert, den Titel "Hot in here" vum Nelly, "Im A Slave For You" vum Britney Spears,  an de groussen Deel vum Justin Timberlake sengem Solodebüt "Justified".

Aussergewéinleches:
De Joel Zimmerman alias deadmau5 ass ee kanadesche Museksproduzent, dee vrun allem an de Stilrichtungen Progressive House, Electro House an Deep House aktiv ass, Hien huet een eegene Label mam Numm mau5trap.Markenzeechen a Logo vum Deadmau5 ass de Mau5head, deen hien als Mask bei Concerten unhuet.

 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kid Cudi, Jurassic 5, Outkast

Lauschtert eran: