De franséische Produzent Feder mellt sech zréck mat der italieneschsproocheger Single "Cosa Fai".

Fakten:
No enger laanger Paus huet den DJ Feder di nei Single "Cosa Fai" eraus bruecht. Mat dëser summerlecher Single geet de Feder an an den Italo-Disco-Stil. D'Lidd ass dynamesch, allerdéngs e bësse repetitiv.

Aussergewéinleches:
Mat eegenen Internetverëffentlechungen wéi "C’est lundi" a "Lordly" huet de Feder 2014 bei YouTube sechsstelleg Opruffzuelen erreecht. Enn 2014 huet hien do och "Goodbye" eraus bruecht. D'Lidd gouf als éischt an Osteuropa an an der Tierkei een Hit, an dono eréischt a senger franséischer Heemecht.

Fréier Hits
De Feder – dee mam biergerlechem Numm Hadrien Federiconi heescht an zu Nice opgewuess ass – huet säin éischte grousse Succès 2015 mat der Platin-dekoréierter Single"Goodbye“ gefeiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Ofenbah, Kungs, Bakermat

Lauschtert eran: